Image Alt

Eis Raimlechkeeten

  >  Eis Raimlechkeeten

Rez-de-Chaussée

Um Rez-de chaussée spillen déi Grouss, 2 bis 4 jähreg Kanner. Den Turnsall bitt vill Plaz fir sech auszetoben, ze spillen, ze liesen an em de Piano Musek ze maachen. An eiser Kiche gëtt giess, gekacht, gebak an och gebastelt. Vun hei aus kënnt een op eng grouss Terrasse an dann direkt an de Goart. Kleng Toiletten mat Wéckeldësch stinn zur Verfügung.

Éischte Stack

Um éischte Stack versuerge mer eis Puppelcher, 0 bis 12 Méint. An engem helle, frëndlechen Zëmmer gi si mat vill Léift a Suergfalt betreit. Hei fanne mer och eng Kitchenette, e Buedzëmmer an zwou Schloofkummeren.

Zweete Stack

Um zweete Stack, dem urspréngleche Butzeneck, fillen sech eis Butzen vun 1 bis 2 Joer puddelwuel. De groussen helle Raum, direkt ënnert dem Daach, suergt fir eng heemlech Atmosphär. An der Butzebuerg kënnen d’ Kanner vill entdecken a flott spillen. Hei um Stack si kleng Toiletten, e Buedzëmmer an och eng Kitchenette. Fir Äre Kanner nach besser gerecht ze ginn, hu mär a nächster Zäit grouss Projeten an der Planung.

Goart

Hannert dem Haus läit eise schéine Goart, an deem mer am Summer de Schied genéissen. D’Spillplaz gouf vu Studenten vum ISERP als „Erlebnisspielpatz“entworf a gebaut. Laanscht eist Haus fleege mer mat de Kanner e klenge Geméiss-, Uebst- a Blummegäertchen.