Image Alt

Dat ass de Butzeneck

  >  Dat ass de Butzeneck
history2

Historique

Mat Härz an Séil

De Butzeneck ass eng privat Crèche zu Esch, déi 1993, an engem renovéierten ARBED Haus mat engem grousse Goart, hir Dieren opgemaach huet.
Mär leien an der Uecht, engem rouege Quartier mat vill Gréngs, no beim vum Zentrum a sinn einfach mam Auto ze erreechen.
De Butzeneck ass eng heemlech Crèche mat familiärem Charakter. Eis Devise ass: „Mär betreien a förderen nët nëmmen Är Kanner, mee mär sinn och frou mat hinnen“.
Mär sinn eng lëtzebuergesch Crèche, an där mer eis Sprooch an eis Traditiounen wëllen ënnerstëtzen a weider ginn, a sinn op fir all nei kulturell Erfahrung.

Seit 25 Joer
as de Butzeneck fir Äerch do

Am September 1993 hu mär eis Dieren opgemaach, ugefange mat enger klenger Équipe a mat e puer Kanner. 25 Joer duerno hu mer dat gefeiert. Mat engem Theaterstéck, eise Butzen, hiren Éducatricen, hiren Elteren a vill fréier Clienten vum Butzeneck. Mat dobäi op der Bühn woaren de Kiko, de Gilles an d’Martina, mëttlerweil erwuesse Leit an erfollegräich Museker, mat hirer Band „Zero Point Five“, déi hire Wee am Butzeneck viru 25 Joer ugefaangen hunn. Och de Yann, d’Michèle, de Philippe, d’Stéphanie, d’Laura , d’Marie, d‘Isabelle, d’Désirée a vill fréier Butzen hunn eis op dësem Fest besicht. „Mär sinn eng grouss Famill“, sot de Kiko. An domat huet hie Recht! Dës Kéier hu mer dem Dr. Patrick Theisen e Chèque vun 2.500 € fir d’ Ënnerstëtzung vun sengem Dispensaire am Senegal iwwerreecht.

mim
D’Butzen a meng Famill si mäi Liewen. Ech si Mamm vu 4 Kanner an hunn 1993 zesummen mat mengem Mann de Butzeneck gegrënnt. Ech si mat Laif a Séil Museker a bréngen dat och an de Butzeneck eran.
Mäin Team ass mer ganz wichteg. Mär sinn eng agespillte, méisproocheg Équipe vu qualifizéierten an erfuerenen Éducatricen, a setzen eist ganzt Wëssen a Kënnen mat vill Engagement an den Déngscht vun Äre Kanner.
Wäertschätzung, Empathie an Toleranz, souwéi Zesummenhalt an Traditioun si Begrëffer déi mär um Häerz leien an déi ech well weider ginn.
Bei eis steet Äert Kand am Mëttelpunkt!
Mim Neumann-Geimer,
Gérante vum Butzeneck

Eis Clients soë Merci