Image Alt

Altersgruppen

  >  Altersgruppen

D’Puppelcher vu 0 bis 12 Méint

Eis Puppelcher gi mat vill Léift a Suergfalt vun engagéierten Éducatricen versuergt.
Äert Vertrauen an eis Wäertschätzung sinn d’Basis fir e gutt Schaffen mat de Butzen. Där sollt Är Kanner mat engem gudde Gefill a berouegt kënne bei eis loossen.
Dem individuelle Rhythmus an de Gewunnechten vun all eenzelnem Kand versiche mer gerecht ze ginn. D’Gebuergenheet an d’Sëcherheet, déi d’Kanner fir hir gesond Entwécklung brauchen, wëlle mer hinne schenken. Dofir ass en enke Kontakt an eng gutt Zesummenaarbecht mat den Elteren ganz wichteg.

D’Butzen vun 1 bis 2 Joer

An eisem Mëttelgrupp dréint sech alles em d’Entdecken. D’Butzen léiere lafen, si fänken u kleng Sätz ze schwätzen an si maachen hir éischt sozial Erfahrungen. Mär hëllefen hinnen dobäi. Duerch Liddercher a Sprëchelcher ënnerstëtze mer hir Sprooch, mär förderen hir Motorik a mär spille vill mat hinnen. Dobaussen am Goart an der Sandkaul fillen si sech wuel. Am Bësch brénge mer hinnen d’Natur méi no an op der Spillplaz entwéckelen si hir Sozialkompetenzen.

Déi Grouss vun 2 bis 4 Joer

Bei deene Groussen ass ëmmer eppes lass. Mär versichen de Kanner vill Verschiddenes ze bidden a si fir Neies ze begeeschteren. Ob zu Fouss op de Moart, an d’Bibliothéik, bei di eeler Leit an den Altersheem oder mam Bus an de Bësch, regelméisseg Ausflich sti bei hinnen um Programm. Mär kachen a baken, këmmeren eis em de Geméissgäertchen, spillen am Goart oder op der Spillplaz. Musek maachen, Bicher kucken a Geschichten zielen, all dat entwéckelt an ënnerstëtzt hir Sprooch.
Awer och fräi spillen ass wichteg, dobannen oder am Goart, fir dass si hir eegen Entdeckunge kënne maachen.