Image Alt

Eis Aktivitéiten

  >  Eis Aktivitéiten

Am Goart

Mär profitéieren dat ganzt Joer vun eisem schéine Goart: Am Wanter gi Schnéimännercher a Schnéiballschluechte gemaach, am Summer ameséiere mer eis an der Schwemm, am Fréijoer an am Hierscht spille mer am Sand, hu Freed op der Klunsch an op der Rutschbahn, spille mam Ball a genéissen ganz einfach déi frësch Loft.

Geméiss-, Uebst- a Blummegäertchen

An eisem Gäertchen planze mer Tomaten, Zucchini, Paprika, Zalot, Kabes an Äerdbier. Et ass eis wichteg, dass d’Kanner d’ Geméis besser kenne léieren: esou schmaacht et hinne richteg gutt an si genéissen et. Och Blummen dierfen hei nët feelen. D’Butze solle léieren, d’Planzen ze kucken, ze richen an ze schätzen.

Buffet

Eise Buffet huet vill Succès bei de Kanner. Frëscht Geméis aus eisem Gäertchen, Schmiere mat Kéis oder Hunneg, Mëllech oder Schoki, d’Kanner hunn eng grouss Wiel a kënne selwer bestëmmen, wat si wëllen iessen an drénken. Regelméisseg gi mer op de Moart frësch akafen fir dann mat eise Butzen ze kachen an ze baken. Selwer gekacht oder mat deenen aneren: alles schmaacht einfach besser.

Kachen a Baken

Mär kachen a bake vill am Butzeneck. De Kanner mëcht et vill Spaass, well si selwer kënnen hëllefen an d’Resultat duerno gesinn a genéissen. Duerch eis multikulturell Équipe kënnen si ëmmer erëm Neies schmaachen. Iesse verbënnt a mëcht glécklech.

Bewegung

Bewegung gehéiert zu enger gesonder Liewensweis: “Mens sana in corpore sano“, e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper.

Natur

An der Natur bléien d’ Butzen op. Si kënne sech fräi bewegen, däerfen Neies ausprobéieren an dobäi hir Ängschten iwwerwannen. Si léiere kucken, richen, lauschteren an Onbekanntes entdecken. D’Natur bitt esou vill an si ass esou wichteg fir eis Gesondheet. Si ass di besser Alternativ zur Televisioun, zum Gameboy an zum Handy. Mär versichen all Woch op d’mannst eemol an de Bësch ze goen. Ob an den Ellergronn oder an de Clair-Chênes Bësch, et ass ëmmer derwäert eraus an d’frësch Loft ze goen.

Ausflich

Regelméisseg gi mer mat de Butzen op den Tour. Mol mam Bus, mol zu Fouss, op de Moart oder an de Park, eng Ausstellung kucken oder bei d’Déieren. Eis ass et wichteg, dass d’Butzen vill Neies erliewen an eppes fir d’Liewen léieren.

Musek

Musek gehéiert am Butzeneck zum Alldag. Mär sangen a lauschteren Lidder, spille Piano oder Djembé, maache Musek mat Perkussiounsinstrumenter. Fir eis ass Musek immens wichteg. Si baut sproochlech a kulturell Barrièren of a verbënnt d’Mënschen mateneen. Duerch d’Sange vu Lidder fördere mer d’ Sprooch am allgemengen an d’friem Sproochen am besonneschen. Nët nëmme sozial Kompetenzen ginn esou gestäerkt, mee och d’Freed un der Bewegung.

Konscht

Duerch kreatiivt Schaffen kënne Kanner hir Gefiller zum Ausdrock bréngen. Mär bidden hinne verschidden Techniken a Materialien un, fir dass si hirer Kreativitéit fräie Laf kënne loossen. Och de Besuch vun Ausstellunge steet bei eis um Programm.

Butzekiermes

D’Butzekiermes ass zu enger Traditioun vum Butzeneck ginn. Hei trieden eis Butzen zesummen mat hiren Éducatricen op enger Bühn virun de Familljen op. Mär spillen Theater, sange Lidder a verschiddene Sproochen a jiddereen gëtt säi Bescht. Eng Erfahrung, déi grouss a kleng verbënnt. Den Erléis vun der Tombola an de Spiller ass ëmmer fir e gudden Zweck geduecht. Esou konnte mer am Laf vun de Joeren scho vill Associatiounen mat engem Chèque ënnerstëtzen.

Gebuertsdeeg

Ob Grouss oder Kleng: e Gebuertsdag ass e wichtegen Dag fir all Persoun, an dofir feiere mer deen och gär.

Traditiounen

De Butzeneck ass eng lëtzebuergesch Crèche an mer halen drop, eis Traditiounen ze erhalen a weider liewen ze loossen. Esou ginn all Fester, déi Deel vun eiser Kultur sinn, gefeiert a frësch opliewe gelooss. Mär sinn awer och fir all aner Natiounen op, a wa mer nëmme kënnen, ginn nei Elementer mat erageholl, wéi zum Beispill nei Lidder oder nei kulinaresch Spezialitéiten.

Villsproochechkeet

De Butzeneck ass eng lëtzebuergesch Crèche wou den Accent kloer op eis Mammesprooch geluecht gëtt. Nieft dem Lëtzebuergeschem schwätze mer awer och Franséisch, Italienesch, Portugisesch, Däitsch, Englesch an esouguer Chinesesch. Mär ënnerstëtzen d’Sproochen andeems mer de Kanner vill Geschichten erzielen, mat hinne Lidder sangen an Theater spillen. Mer ginn och regelméisseg an d’ Escher Bibliothéik, fir nei Bicher ze entdecken.

Themewochen

Ëmmer erëm organiséiere mer Themewochen, wou sech iwwer eng länger Zäit alles em dat selwecht Thema dréint, zum Beispill Piraten, Spidol, Buttek , Verkéier, Hygiène, Indianer.

Sozialt Engagement

Nach ëmmer ass eis dat sozialt Engagement wichteg. Mer hunn all déi Joeren mat eiser Butzekiermes Vereenegungen wéi Trisomie21, en Häerz fir kriibskrank Kanner oder Pharmaciens sans frontières, an och en Heem fir behënnert Kanner a Rumänien finanziell ënnerstëtzt. Kleeder hu mer fir Leit a Portugal gesammelt, wéi et do esou schlëmm gebrannt huet. Mee och hei am Land brauchen Mënschen Hëllef. An eisen Altersheemer liewen vill Persounen, déi sech eleng fillen. Dofir gi mär mat eise Butzen bei si fir hinnen eng kleng Freed ze maachen, andeems mer mat hinne sangen oder bastelen. Dat ass eng Erfahrung, déi esouwuel bei de Kanner wéi bei deen eelere Leit immens gutt ukënnt.

Empathie

De Butzeneck ass eng kleng an heemlech Crèche. Et ass eis wichteg, de familiäre Charakter ze fleegen. Mär si frou mat äre Kanner a versichen hinnen vill Léift, Gebuergenheet, Versteesdemech an Unerkennung ze ginn.

Zesummen

Zesummen wëlle mär als Erwuessener de Kanner e Virbild sinn, andeems mer eis géigensäitech wäertschätzen a jidderengem d’ Geleeënheet ginn, sech fräi z’entfalen. Zesumme wëlle mer als Lëtzebuerger eisen auslännesche Matbierger weisen, dass si bei eis wëllkomm sinn an ënnerstëtzen hir Integratioun. Mer versichen, behënnert Kanner an eiser Mëtt opzehuelen, esou wäit wéi et méiglech ass. D’Kanner spillen zesummen a schléisse Frëndschaften, déi oft iwwer d’Zäit am Butzeneck eraus ginn.